top of page

Berodung a Begleedung

An engem gemittlechen a familiäre Kader begleeden an ënnerstëtzen ech als Doula, Koppelen, Familljen, elengerzéiend Mammen a Fraen ouni Kanner an hire kléngen a groussen Liewensiwwergäng. 

Menarche.jpg Berodung a Begleedung ronderëm déi éischt Reegel

Berodung a Begleedung ronderëm déi éischt Reegel

hus_dDoula.jpg Gebuertsbegleedung Hausgebuert Gebuertshaus Maternité

Gebuert

Gebuertsbegleedung

Hausgebuert

Gebuertshaus

Maternité

FraSinn.jpeg Berodung a Begleedung fir Fraen, déi méi am Aklang mat sech selwer wëlle sinn

FraSinn a Weiblechkeet

Berodung a Begleedung fir Fraen, déi méi am Aklang mat sech selwer wëlle sinn

Stiefbegleedung.jpeg Begleedung ronderëm den Doud

Stierfbegleedung

Begleedung ronderëm den Doud

hus_eventuellelteren.jpg Berodung a Begleedung ronderëm de Kannerwonsch

Kannerwonsch

Berodung a Begleedung ronderëm de Kannerwonsch

Wochebett.jpeg Berodung a Begleedung ronderëm déi éischt Zäit no der Gebuert

Wochebett

Berodung a Begleedung ronderëm déi éischt Zäit no der Gebuert

Rauhnuechten.jpeg Berodung a Begleedung ronderëm d'Rauhnuechten

Rauhnuechten

Berodung a Begleedung ronderëm d'Rauhnuechten

YLRingana.jpeg Entdeck lauter Produit'en fir Grouss a Kléng

Young Living a Ringana

Entdeck lauter Produit'en fir Grouss a Kléng

hus_gebuertsvirbereedung.jpg Berodung a Begleedung ronderëm d'Schwangerschaft

Schwangerschaft

Berodung a Begleedung ronderëm d'Schwangerschaft

Elterenzäit.jpeg Bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodung a Begleedung fir Eltere mat Kand/Kanner tëscht 0-6 Joer

Elterenzäit

Bindungs- a

bedierfnisorientéiert Berodung a Begleedung fir Eltere mat Kand/Kanner tëscht 0-6 Joer

Wiesseljoren.jpeg Berodung a Begleedung fir Fraen an hiren Wiesseljoren

Wiesseljoren bei der Fra

Berodung a Begleedung fir Fraen an hiren Wiesseljoren

Kaddosbong.jpeg Mam Kaddosbong kanns du engem eng Freed maachen

Kaddosbong

Mam Kaddosbong kanns du engem eng Freed maachen

Hallo,

ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. Ech si Mamm vun zwee wonnerbare Jongen. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft méngem Beruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hu fir ganzheetlech Berodungen, Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ubidden ze kënnen. Säit 2017 begleeden an ënnerstëtzen ech Familljen an och Fraen op hirem ganz individuelle Wee.

158.jpg
Sceau_Final_Gold_Ligne_Graphique.png Doula Quantik
331_HAUSUMSAND_7178©studioninebyjeanineunsen.jpg

Temoignagen

Mamme schreiwen....

Carole

"D'Stéphanie huet mir als zukünfteg Mamm immens d'Angscht geholl virun der Gebuert. Jo, et war Angscht, Angscht de Wéi net ze erdroen an ze packen! Ech hunn am Cours geléiert op mäi Kierper ze lauschteren a virun allem mengem Kierper ze vertrauen, dass e mir hëlleft, aus eegener Kraaft mäi Kand op d'Welt ze bréngen. Merci Stéphanie!"

Gina

"Ech hun d'Rauhnuechten als zimlech turbulent empfond an awer empfannen ech ganz vill Dankbarkeet well se mir ganz vill Kloerheet gin hun. Ech sin och dankbar se zesummen am Grupp mat denger Leedung erlieft ze hun. Du hues eis souvill Impulser gin, hues eis mat all eisen Erliefnisser emmer opgefaangen an wars emmer fir eis do an dofir soen ech dir Merci"

Carole

Mäi Mann an ech waren am "BellyBasics" a soen dem Stéphanie Merci fir déi vill Saachen déi mir geleiert hunn! Mir fillen eis elo e gutt Stéck méi opgekläert fir déi nei Erausfuerderung. Seng Berodung war ganz léif an d'Stéphanie ass och ëmmer op all eis Froen agaangen! Ech kann de Cours nëmme weiderempfehlen a freeë mech drop an de Babysteps mat eisem Jong ze kommen."

Caroline

"Eis Reess war wirklech magesch. Mir hunn eng wonnerbar, interessant an heelend Zäit mateneen verbruecht. Ech sinn frou mäin Schoussraum elo vill besser ze kennen an ech sinn och dankbar all déi léif Mënsche kennen geléiert ze hunn. Ech freeën mech op weider Workshops."

Edith

​

"Mir huet den Elterendeel vum Gesëschtercours gutt gefall, well et ganz vill Tipps goufen an och en Hannergrondwëssen lo do ass, wéi dat méi grousst Kand sech fillt wann en Bebe nokënnt an een esou mat vill méi Versteesdemech, mat Léift an méi sensibel kann op hir Reaktiounen agoen! Ech freeën mech schon op den Deel wou mir dann mam grousse Kand kommen an déi Bindung nach eemol intensivéieren kënnen!"

​

Maria

"Merci pour les beaux moments de partage. Compétence et amour pour ton métier se font ressentir. J’ai beaucoup apprécié le workshop “baby led weaning”. À très bientôt"

Franziska

"Nach der Hausgeburt meines zweiten Sohnes und viel mehr Wissen über Geburt, Wochen-bett und die Kraft von Übergangsritualen, war für mich klar, dass ich zum richtigen Zeitpunkt ein Schließungsritual, auch "Rebozo Closing Ritual" genannt, machen möchte für diese Erfahrung. Und so war es auch, es kam der Moment, wo ich klar spürte, dass eine neue Phase anbricht und die Zeit der Schwanger-schaft, Geburt und Post-Partum mit einem Ritual geschlossen werden kann. Es war ein wundervoller, emotionaler und kraftvoller Nachmittag. Stéphanie hat mich mit ihrem Wissen und ihrer Weisheit auf eine ganz besondere Art und Weise durch das Ritual geleitet. Sie hat einen so warmen, liebevollen und sicheren Raum geöffnet, dass ich ganz ich selbst sein konnte und alles loslassen konnte, was ich nicht nur in den letzten Monaten getragen und geboren habe, sondern auch in den letzten Jahren. Zu meinem großen Überraschen war dies nicht nur ein Schließungsritual für mein zweites Kind, sondern auch für mein erstes. Worüber ich mir im vorhinein nicht bewusst war, aber es so unglaublich nötig war diesen Prozess ebenfalls zu schließen. Stéphanie hat mich mit einer wundervollen Traumreise, während ich in einer wohltuenden warmen Badewanne entspannt habe, in meinen Schoßraum begleitet. Es war ein warmer, geborgener Ort, den ich immer wieder gerne besuche. Das Schließungsritual selbst war eine sehr entspannende, aus-gleichende und kraftvolle Erfahrung für mich. Mit einer wohltuenden Bauchmassage und das Einwickeln in die 7 Tücher habe ich ganz loslassen können, tief in mich hinein gehen können und gefühlt energetisch meine Mitte gefunden. Ich bin sehr dankbar für diese tief heilende Erfahrung, die mir sehr viel Klarheit gebracht hat. Und Liebe für mich selbst als Mutter."

47_Laurence_blessingway_10.22.©Jeannine Unsen_JJ9C8744.jpg

Gebuertsberichter

Amaury

“Mir haten eis fir eng natierlech Gebuert am Gebuertshaus Mäerzeg entscheet an hu geduecht, dat wa mir eng Hiewan fir eis eleng hätten, mir net och nach eng Doula bei der Gebuert bräichten. Et huet net laang gedauert, bis dat mir gemierkt hunn, dat mir falsch louchen. Méindes owes huet meng Fra Wéie gespuert, déi ëmmer a méi no openeen koumen, bis se 5 Minutten Ofstand haaten. Mir sinn um 23:30 op Mäerzeg gefuer a moies drop ouni Bëbee heemkomm. D’Wéie waren net staark genuch an haten an der Nuecht nogelooss...

Deborah

“No menger éischter Gebuert an der Klinik, wou u mir de Kristellergrëff duerchgefouert gouf, un deren psychechen Folgen ech laang ze knaen hat, hat ech mech ganz bewosst dozou entscheed, bei mengem zweeten Kand no enger aanerer Optioun ze sichen. Mäi Wonsch wor vum Gefill vun der Ohnmacht an der Gebuert zu engem Gefill vun Kraaft a Vertrauen ze kommen.

Sou sinn ech op d‘Haus um Sand mam Stéphanie engersäits an op dGebuertsklinik Merzig mam Manuela komm...

​

Anna

"Kuerz nodeem ech wosst dat ech schwanger war, ware fir mech 2 Saache kloer: och an dëser Schwangerschaft nees e Gebuerts-virbereedungcours beim Stéphanie ze maachen an dës Kéier an der Maternité zu Ettelbreck z’accouchéieren. Dofir hunn ech no engem neien Gynecologue zu Ettelbreck gesicht an hat immens Chance dat ech direkt eng Platz bei enger léiwer Doktesch kritt hunn....

Mammen a Pappe schreiwen....

141_Laurence_blessingway_10.22.©Jeannine Unsen_JJ9C8805.jpg

Laurence's mother's blessing, 11/09/ 2022

KONTAKT
bottom of page