lisa junius
Säit 2016,
bidden ech an engem gemittleche Kader bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Eltere-Kand Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen un a leede säit 2019 Kreesser ronderëm d'Schwangerschaft an de Schoussraum. Ausserdeem begleeden ech als Doula och Gebuerte mat Hiewanen zesummen a këmmere mech ëm d'Wuelbefanne vu Familljen am Wochebett.
"Haus um Sand" ass eng Plaz, wou deng Séil zur Rou komme kann a wou s du einfach mol duerchootme kanns. Hei stees du am Mëttelpunkt. Ech huele mir vill Zäit fir zukünfteg Elteren, Familljen, elengerzéiend Fraen, mee och fir Fraen ouni Kanner. Et ass eng Plaz, wou s du dech sécher a gebuerge fille kanns a gläichzäiteg Impulser kriss, fir méi inspiréiert duerch deng Liewensetappen goen ze kënnen.
Kannerwonsch
Begleedung ronderëm de Kannerwonsch
Gebuert
Gebuertsbegleedung mat Hiewanen
Hausgebuert
Gebuertshaus
Maternité
Wochebett
Begleedung ronderëm déi éischt Zäit no der Gebuert
FraSinn a Weiblechkeet
Begleedung fir Fraen, déi méi am Aklang mat sech selwer wëlle sinn
Schwangerschaft
Begleedung ronderëm d'Schwangerschaft
Gebuertsberichter
Erënnerungen un d'Gebuert
Mammen a Pappe schreiwen...
Elterenzäit
Bindungs- a
bedierfnisorientéiert Berodung a Begleedung fir Eltere mat Kand/Kanner tëscht 0-6 Joer
Kaddosbong
E Kaddosbong fir engem eng Freed ze maachen

Eppes iwwert mech,
ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. Ech si Mamm vun zwee Jongen. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft mengem Beruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hunn. Ech bidden eng net-medezinesch a
net-therapeutesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist.



Temoignagen
Mamme schreiwen....
Carole
"D'Stéphanie huet mir als zukünfteg Mamm immens d'Angscht geholl virun der Gebuert. Jo, et war Angscht, Angscht de Wéi net ze erdroen an ze packen! Ech hunn am Cours geléiert op mäi Kierper
ze lauschteren a virun allem mengem Kierper ze vertrauen, dass e mir hëlleft, aus eegener Kraaft mäi Kand op d'Welt ze bréngen. Merci Stéphanie!"
Gina
"Ech hun d'Rauhnuechten als zimlech turbulent empfond an awer empfannen ech ganz vill Dankbarkeet well se mir ganz vill Kloerheet gin hun. Ech sin och dankbar se zesummen am Grupp mat denger Leedung erlieft ze hun. Du hues eis souvill Impulser gin, hues eis mat all eisen Erliefnisser emmer opgefaangen an wars emmer fir eis do an dofir soen ech dir Merci"
Carole
Mäi Mann an ech waren am "BellyBasics" a soen dem Stéphanie Merci fir déi vill Saachen déi mir geleiert hunn! Mir fillen eis elo e gutt Stéck méi opgekläert fir déi nei Erausfuerderung. Seng Berodung war ganz léif an d'Stéphanie ass och ëmmer op all eis Froen agaangen! Ech kann de Cours nëmme weiderempfehlen a freeë mech drop an de Babysteps mat eisem Jong ze kommen."
Manon
„So dankbar für den ehrlichen und wertvollen Austausch.“
Caroline
"Eis Reess war wirklech magesch. Mir hunn eng wonnerbar, interessant an heelend Zäit mateneen verbruecht. Ech sinn frou mäin Schoussraum elo vill besser ze kennen an ech sinn och dankbar all déi léif Mënsche kennen geléiert ze hunn. Ech freeën mech op weider Workshops."
Edith
​
"Mir huet den Elterendeel vum Gesëschtercours gutt gefall, well et ganz vill Tipps goufen an och en Hannergrondwëssen lo do ass, wéi dat méi grousst Kand sech fillt wann en Bebe nokënnt an een esou mat vill méi Versteesdemech, mat Léift an méi sensibel kann op hir Reaktiounen agoen! Ech freeën mech schon op den Deel wou mir dann mam grousse Kand kommen an déi Bindung nach eemol intensivéieren kënnen!"
​
Maria
"Merci pour les beaux moments de partage. Compétence et amour pour ton métier se font ressentir. J’ai beaucoup apprécié le workshop “baby led weaning”. À très bientôt"
Julie
"Léift Stéphanie, merci fir alles. Du hues einfach en Don genee ze wëssen wat e Mensch grad brauch a bass zum richtege Moment einfach fir een do. Intuitiv a voller Léift bass du eng Beräicherung fir all Gebuert. Och bei menger 2. Gebuert wars du u menger Säit an hues mir Sécherheet, Gebuergenheet an deng Ennerstëtzung gebueden.
Schonn ier ech ëm eppes froë konnt an heiansdo och ier ech selwer wosst, wat ech bräicht, hues du mir et schonn ugebueden. Merci fir Alles. Du bass ee wichtegen Deel, deen dozou beidreit, dat eng Gebuert déi gewësse Magie kritt an eng Mamm sech faale loosse kann."
Franziska
"Nach der Hausgeburt meines zweiten Sohnes und viel mehr Wissen über Geburt, Wochen-bett und die Kraft von Übergangsritualen, war für mich klar, dass ich zum richtigen Zeitpunkt ein Schließungsritual, auch "Rebozo Closing Ritual" genannt, machen möchte für diese Erfahrung. Und so war es auch, es kam der Moment, wo ich klar spürte, dass eine neue Phase anbricht und die Zeit der Schwanger-schaft, Geburt und Post-Partum mit einem Ritual geschlossen werden kann. Es war ein wundervoller, emotionaler und kraftvoller Nachmittag. Stéphanie hat mich mit ihrem Wissen und ihrer Weisheit auf eine ganz besondere Art und Weise durch das Ritual geleitet. Sie hat einen so warmen, liebevollen und sicheren Raum geöffnet, dass ich ganz ich selbst sein konnte und alles loslassen konnte, was ich nicht nur in den letzten Monaten getragen und geboren habe, sondern auch in den letzten Jahren. Zu meinem großen Überraschen war dies nicht nur ein Schließungsritual für mein zweites Kind, sondern auch für mein erstes. Worüber ich mir im vorhinein nicht bewusst war, aber es so unglaublich nötig war diesen Prozess ebenfalls zu schließen. Stéphanie hat mich mit einer wundervollen Traumreise, während ich in einer wohltuenden warmen Badewanne entspannt habe, in meinen Schoßraum begleitet. Es war ein warmer, geborgener Ort, den ich immer wieder gerne besuche. Das Schließungsritual selbst war eine sehr entspannende, aus-gleichende und kraftvolle Erfahrung für mich. Mit einer wohltuenden Bauchmassage und das Einwickeln in die 7 Tücher habe ich ganz loslassen können, tief in mich hinein gehen können und gefühlt energetisch meine Mitte gefunden. Ich bin sehr dankbar für diese tief heilende Erfahrung, die mir sehr viel Klarheit gebracht hat. Und Liebe für mich selbst als Mutter."
Julie
"Esou dankbar fir deen éierlechen a wäertschätzenden Austausch."

Mother's blessing

Laurence's mother's blessing, 11/09/ 2022